Grégorius Jean - dit Bub (29.06.1933 - 19.10.2020)


23 October 2020

Mir hun déi traureg Pflicht den Doud vun engem vun eisen treiesten Memberen a laangjährege Spiller matzedeelen. 😞
Bub, du bass jhidderengem am Veräin e Begrëff a mir waerten dech emmer an gudder Errënnerung behalen.
Du hues keen Match verpasst an wuars emmer matt 110% engagéiert. An wann d'Equipp net gudd gespillt huet, hues du daat och kloer gesoot an trotzdeem hues du d'Hoffnung nie opgin, dass deng Equipp enges Daags erem ganz uewen mattspillt.
Du hues bis zu Lescht bewiesen, datt blo a giel e wichtegt Stéck vun dengem Liewe war a mir waerten alles drusetzen, fir dech dëst Joer de Sprong an d‘1.Divisioun ze packen.
Zu Éiren vum Bub, spillt eis 1. Equipp en Sonnden am Trauerflor.
Äddi Bub an merci fir alles, daats du fir dain Bieleser Verain gemeet hues 💙💛