Transferts pour la nouvelle saison 2021/2022


16 June 2021

Den FC The Belval präsentéiert séng Neizougäng 2, 3 a 4 fir Saison 21/22:
Eis Prioritéit läit dobäi op der Förderung vun Jugendtalenter.
Vun der Union Titus Péiteng wiesselt den Jonathan Salvado Fernandes (18 Joër) op Bieles. De Jonathan ass en Offensivspiller an huet vun der U14-U19 an de Kadere vun der FLF gespillt. Des Saison huet hien 2 Matcher an der BGL gespillt.
Vum Fc Wolz 71 begréisse mer de Sebastien Rolin, e 17 Joer jonkt Offensivtalent.
Wéinst enger Opnahm an der Arméi waert hien awer am Ufank net fir de Seniorkader disponibel sin.
Schliesslech verstaerkt den Almedin Huremovic (28) vun der UN Kayl/Téiténg eis Verteidegung.
Domat steet eisem Trainerteam en equilibréierte Kader vir dat Zil wat mer 19/20 Covidbedéngt verpasst hun an der Saison 21/22 ze erreechen.